Ditteridi - book release
Saturday
- 11.11
(other)

Den 11.11.2023 invitéiert de Verlag Op der Lay Iech op e ganz besonneschen Owend: De Charel Meder presentéiert am Gudde Wëllen e satirescht Märche vun der Neister Generatioun!
Wat et domat op sech huet? Am Beschten Dir kommt bis laanscht a fannt et raus! Fir déi musikalesch Begleedung ass Dillendub mat vun der Partie!
Loosst Iech mathuelen an dee wäermste Summer, dee jeemools hei bei eis gemooss ginn ass. „Wou jo awer guer näischt lass war!?“, denkt Dir. Ma neen, et war dee Summer, wou et esou richteg lassgoung. Mat allem. Dir hutt et verpasst? Kee Problem. Erlieft déi ganz Opreegung, déi dee fréiere Grand-Duché wärend Wochen an Otem gehalen huet. An engem ganz neiaartegen Environnement. Quasi integral op Lëtzebuergesch a mat u Sécherheet grenzender Warscheinlechkeet politesch net ganz korrekt, an och soss komplett wäertfräi. Ouni Geld-zréck-Garantie.
Ditteridi.
Mir freeën eis op ee flotten Owend an hoffen, Iech, léiwe Lieser, am Gudde Wëlle begréissen ze kënnen!