Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch
Friday
- 26.09
(live)

26.09
Show 21:00
Fräien Entrée
Organiséiert an Zesummenarbecht mam Kulturministère
De 26. September ass den Europäeschen Dag vun de Sproochen, en Dag op deem all d'Sproochen a Kulturen an Europa, awer och déi individuell Méisproochegkeet gefeiert ginn a jidderee motivéiert soll ginn, eng nei Sprooch ze léieren. Als Land, an deem d'Méisproochegkeet am Alldag gelieft gëtt, feiere mir vun dësem Joer un op dësem speziellen Dag och d'Lëtzebuerger Sprooch.
Am De Gudde Wëllen mat Concerten vu
Nicool
Mat hirem Debut-Album Den Ufank vum N (2019) huet d'Nicool hir Rap-Carrière gestart an direkt mat enger gudder Portioun lokale Flair a Provokatioun iwwerzeegt. Als eng vun deenen éischte Rapperinnen am Land setzt si zanterhier mat Songs wéi Stolz oder Al staark Zeechen a bréngt seng Leit iwwerall a Beweegung.
Sixo
Sixo schreift a produzéiert seng Musek säit 2019 selwer. Als ee vun den erfollegräichste Vertrieder vun der neier Hip Hop Generatioun trëtt hien zanterhier iwwerall am Land op.
Tommek
Den Tommek ass ee lëtzebuerger Rapper aus dem Norden. Heen huet polnesch Wuerzelen. Säin neisten Album “WAT RAP” ass high energy pur, gedriwwe vum Wonsch “Lidder ze schafen, déi Intensitéit a Beweegung ausstrahlen”.
Bekannt dofir, Humor mat éierlechen a gefillsräiche Themen ze verbannen, pusht den Tommek d’kreativ Grenze vun der lëtzebuergescher Hip Hop Szeen ëmmer weider.